Virverkaf Coupe Halleffinal

Virverkaf Coupe Halleffinal

Den Virverkaf vun den Ticketen ass Sonndes den 19. Januar ab 15:00 an der Buvette vun der Sportshal um Holleschbierg an dauert bis d'Buvette nom Härenmatch zougemaach gëtt. 
Den Ticket kascht am Virverkaf 15€ (Sëtzplaz) an ass och gülteg fir den Härencoupematch (Walfer-Ettelbréck) déi no eisen Dammen an der Coque spillen. 
Stehplazen kritt dir fir 10€ an der Oweskeess. 
Fir Kanner bis 16 Joer ass d'Entrée (awer just als Stehplaz) gratis.
 
Infos zur Navette Holleschbierg-Coque kommen sou séier wéi méiglech no! 

Eis Dammen zielen op är Ënnerstëtzung dofir kënnt dir och gären Museksinstrumenter matbréngen. 
D'Teamfaarwen sinn blo-giel!!