Virronn eriwwer, wéi geet et lo weider?


26 January 2020

D‘Virronn bei den Dammen an Hären ass eriwwer.

Fir eis Dammen heescht et elo an der Poule Maintien vun der Total-League sou vill wei meiglech Punkten ze sammelen an probeieren an der Nationale 1 ze bleiwen. D‘Géigener sin hei d‘Sparta, Contern an d'Musel-Pikes. No Hin- an Réckronn steigt den 4. of an den 3. spillt en Relagtiounsmatch géint den 2. aus der Nationale 2. 
 
Eis Hären hun et fir déi drëtt Kéier um Stéck ënnert déi 4 Éischt vun der Nationale 2 gepackt. Domat spillen sie lo mat em den Opstieg an d‘Total-League. Och Walfer, Zolwer an Miersch hun et an d'Opstiegsgrupp gepackt. Eis Hären spillen also géint dei aaner 3 Opstiegskandidaten an géint den 7-10 Plazéierten aus der Total League (Sparta, Fiels, Contern, Steesel) Déi 8 Equipen spillen Hin- an Réckronn, d‘Tabellen bleiwen awer getrennt. Sou dass déi 2 Éischt vun den Nationale 2 Veräiner opsteigen an déi 2 Läscht vun den 4 Total-League Veräiner ofsteigen.