Victoire géint Musel Pikes


13 November 2021

E Freideg Owend hunn eis Hären 90-69 géint d'Musel Pikes gewonnen an hunn elo no 10 Matcher an der LBBL 4 Matcher gewonnen. Domat stinn si an der Tabell op der 7. Plaz. 

Muer um Sonndeg spillen si den leschten Match vun der Hinronn um 18 Auer zu Diddeleng.

Och 1/4 Finallen vun der Coupe goufen um Freideg ausgeloust, do spillen eis Hären den 8. oder 9. Dezember um Holleschbierg géint d'Sparta.