Verstäerkungen fir eis Dammen an Hären


27 May 2019

Nom Depart vum Gary Pleimling bei den Basket Esch, stinn och elo déi éischt Verstäerkungen bei eisen Hären fir déi nei Saison fest. An zwar wiesselen den Gilles Kerschen an den Louis Kohn vun Hiefenech op den Holleschbierg.
Bei eisen Dammen, déi jo an d’Total League gestigen sin, stéisst d‘Eve Weber vun Ettelbréck bei d‘Equipe. 

Zousätzlech dozou huet den Prince Foster bekannt ginn, dass hien säin Kontrakt wäert verlängeren an och eis Traineren Tara Booker an Gabor Boros hunn decidéiert eng weider Saison zu Hesper ze bleiwen.