Mir fueren an d'Coque!!


02 February 2022

Gëschter Owend konnten sech eis Dammen an der 1/2 Final vun der Coupe FLBB mat 49:47 géint de Racing Lëtzebuerg duerchsëtzen a stinn domat an der Final!! Dëss gëtt Samschdes den 12. März an der grousser Arena vun der Coque gespillt!! 

Fir de 50sten Gebuertsdag vum Telstar, deen geschwënn usteet, hunn eis Dammen an eis Hären dem Veräin deemno e flotten Kado gemach an deem sie et dëss Saison allenzwee an hieren Coupe Compétitiounen bis an d'Coque gepackt hunn. 

Save the Date!!
 
Hären:
09.03.2022 20:45 @Coque/Kirchberg
Basket Esch - Telstar Hesper
 
Dammen:
12.03.2022 13:15 @Coque/Kirchberg
AS Zolwer - Telstar Hesper
 
Detailer zu den Ticketen kommen demnächst!