Message vum President


25 March 2020

De Coronavirus wärt eis an deenen nächsten Wochen nach vill Zeit loossen fir eis Froen ze stellen wéi et an Zukunft soll weidergoen, wann de Virus bis maitriséiert ass.
Dës Saison ass gelaaf, zumindest wat de sportlichen Deel betrëfft. Op d'Konsequenzen vun dësem fréizaitegen Schluss dierf een gespaant sinn, och wann mer am Moment mat aaneren Suergen geplot sinn. Mä och an dësen Zeiten bleift ët richteg ze soen, dass no der Saison och virun der Saison ass. Wann mer haut net wissen wéini dat wärt sinn, soù muss een sëch awer dorop virbereeden.
Mat villen Froen ass dat nët einfach...
Mir wëssen op alle Fall, dass mer ëmmer wärten Benevoler brauchen fir e gudden Encadrement assuréieren ze kënnen. Op dëser Plaatz wëll ech all deenen Merci soen, déi mat hierem Engagement ët iwerhaapt méiglëch maachen, dass Basket kann gespillt ginn.
Mir wëssen och wat mer un eisen Sponsoren hunn, oùni déi eis Amitiounen op engem ganz aneren Niveau ze fannen wären. Och hinnen (https://www.bbctelstar-hesper.lu/sponsors) e ganz groussen Merci fir hier Ënnerstetzung.  An dësen Zaiten mussen sie och kënnen op eisen Support zielen.
Ënnerstëtzt sie souwait et geet, sie hunn ët verdéngt.
 
Domatter setzen mer den Kader fir dass mer all zesummen eis an Zukunft weider op flotten Basket fréen kënnen.
 
Bleiwt gesond an positiv, 
Patrick Gregorius.