Merci Gabor!!


09 May 2022

Eisen Hären Trainer de Gabor Boros verléisst eisen Veräin no 9 Joer a gëtt Trainer zu Konter.
 
De Gabor deen 2013 als Profispiller op den Telstar komm ass, huet 2014 mat der Ekipp den Opstiig an d'Nationale 2 geféiert an ass 2016 Trainer vun der Ekipp ginn. A sengem zweeten Joer als Trainer zu Hesper huet d'Ekipp et déi éischte Kéier an d'Opstiigsgrupp fir an d'Nationale 1 gepackt. D'Joer duerno waren sie ërem an der Opstiigsgrupp vertrueden an am Joer 2020 hunn eis Hären et an enger éischter "Corona-Saison" als Champion vun der Nationale 2 den Opstiig an d'Nationale 1 gepackt. Domat waren eis Hären och eng éischte Kéier zanter der Grënnung vum Veräin an der éischter Lëtzebuergescher Divisioun vertrueden. No enger zweeter vu Corona geprägter Saison an där et keen Ofsteiger gouf, hunn eis Hären och eng zweet Saison an der LBBL gespillt an hunn et an der Coupe bis an d'Halleffinal gepackt, déi just knapp géint de Basket Esch verluer sollt goen. Och am Championnat hunn sie de Fans dësst Joer vill Freed bereet mee et sollt um Ënn leider net duergoen an sinn leider virun 2 Woch ofgestiigen. 
Dem Gabor seng Zäit um Telstar gouf also vu groussen Réussiten geprägt an mir soen him villmols Merci fir säin grousst Engagement déi lescht 9 Joer. Elo sicht hien sëch en neien Challenge an mir wënschen him fir Zukunft bei eisem Noperen zu Konter an awer och privat wéiderhinn vill Erfolleg.