Defaite géint Contern


04 May 2019

Um Freideg Owend haten eis Hären hiren leschten Match fir dës Saison, deen si leider 82:87 géint Contern verluer hunn. An der Opstigsgrupp sinn si domat ofschléissend déi 3. ginn an spillen d‘nächst Saison weiderhin an der Nationale 2. 
Nodeems eis Hären et lescht Joer déi éischt Kéier an der Geschicht vum Club an d‘Opstiegsgrupp gepackt haten, an dat dëst Joer erëm gepackt hunn, kann een ganz kloer vun enger erfollegräicher Saison schwätzen.