Chrëscht-Apero zu Hesper am Park!

Chrëscht-Apero zu Hesper am Park!

Ënnert dem Patronage vun der Gemeng Hesper fënnt Hellegowend vun 14h -19h erëm den Chrëscht-Apero am Chalet am Hesper Park statt.
 
Wann dir also nach en Patt wëllt drénken éier dir bei d'Famill gitt dann kommt bis laanscht.
 
Hannert dem Comptoir ass fir Iech eisen Supporterclub den “Ëmmer Telstar“.
 
Speziell Gin Bar baussen am Zelt!
 
An net ze vergiessen hannert den Turntables den DJ Doctor T.