Changementer am Comité


26 June 2020

Gëschter op der Assemblée générale gouf den laangjäregen Comitésmember Marc Meintz verabschit. Den Marc war säit 2006 am Conseil d'administration, woumat den Telstar säin déngschteelsten Comitésmember verléiert. Och als Trainer war hien laang Zäit aktiv an huet lo decidéiert seng wuelverdéngten "Pensioun" ze huelen. Mir soen him villmools Merci fir alles wat hien an all deenen Joren geleescht huet an mir hoffen, dass mir eis och an Zukunft nach reegelméisseg um Holleschbierg begéinen an bei där enger oder anerer Rosport Bleu ;) kënnen iwwert den Basket philosophéieren.
Nieft engem Abschid goufen et awer och zwou nei Kandidaturen fir an den Conseil d'administration. Den Patrick Glod an den Pit Meintz hunn sech gemellt fir an Zukunft en Deel vum Comité ze sinn. Mir freeën eis op déi zukünfteg Zesummenarbecht!