Sports- & Funfest 8.7.2023 au centre sportif Holleschbierg


24 May 2023

FRANCAIS EN DESSOUS
 
Léif "BBC Telstar" Basketfrënn.

Wéi dir sécherlech scho matkritt hutt, feiert den „BBC Telstar Hesper-Houwald“ dës Saison säin 50. Anniversaire. An dësem Kader sinn eng Rëtsch flott Aktivitéiten geplangt a mir wäre frou iech, är Famill & Frënn do Wëllkomm däerfen ze heeschen.

Ënner anerem ass Samschdes, den 8 Juli, e grousst Sports- & Funfest um Hesper Holleschbierg geplangt, wou mir iech elo scho proposéieren den Datum an ärem Kalenner ze notéieren.
De genaue Programm gëtt iech och deemnächst matgedeelt, mir kënnen awer elo schonn bestätegen datt et vu Moies 10.00 NON STOP bis an d’Nuecht era geet.
Niewt spaasseg Jux-Mätcher, flott DJ Ambiance & appetitlechem Catering, garantéiere mir lëschteg Animatioun + gutt Stëmmung de ganzen Dag.

Kommt Alleguer a feiert mat eis 50 Joer "BBC Telstar". Dat gëtt en onvergiesslecht Erliefnis.
Mir freeën eis op iech,

Den Organisatiounscomité
 
Chers amis du BBC Telstar Hesperange,

Dans le cadre de son 50ième anniversaire, le Telstar vous invite à réserver, dorénavant, la date du 8 juillet 2023, une journée sportive et fun au centre sportif Holleschbierg.

Vous êtes tous les bienvenus, avec votre famille et vos amis, à passer une journée agréable au sein de la famille du Telstar.

Bonne ambiance garantie nonstop avec sport, catering, musique, de 10.00 heures à …

Le programme détaillé vous sera communiqué dans les meilleurs délais.