Virronn eriwwer, wéi geet et elo weider?


21 January 2018

D‘Virronn bei den Dammen an Hären ass eriwwer. Fir eis Dammen heescht et elo an der Poule Maintien vun der Total-League sou vill wei meiglech Punkten ze sammelen an probeieren an der Nationale 1 ze bleiwen. D‘Géigener sin hei d‘Sparta, Esch an Walfer. No Hin- an Réckronn steigt den 4. of an den 3. spillt en Relagtiounsmatch géint den 2. aus der Nationale 2. 

Eis Hären hun et fir d‘eischt Keier an der Verainsgeschicht gepackt an d‘Play-Offs vun der Nationale 2 ze kommen. Domat spillen sie lo mat em den Opstieg an d‘Total-League. Och  d‘Fiels, d‘Kordall Steelers an den BC Mess hun et an d‘Play-Offs gepackt. Eis Hären spillen also géint dei aaner 3 Opstiegskandidaten an géint den 7-10 Plazéierten aus der Total League (Contern, Walfer, Racing an Hieffenech). Déi 8 Equipen spillen Hin- an Réckronn, d‘Tabellen bleiwen awer getrennt. Sou dass déi 2 Éischt vun den Nationale 2 Veräiner opsteigen an déi 2 Läscht vun den 4 Total-League Veräiner ofsteigen.