Back to National 2!!


08 May 2023

They did it!

Eis Hären hunn gëschter Owend den Schluss vun hirer Saison perfekt gemaach! Sie hunn géint den direkten Konkurrent vun Beetebuerg an engem richteg spannenden Match gewonnen! Dëst souguer op déi genau gebrauchten 13 Punkten an soumat hunn si den Opstig an d'Nationale 2 gepackt!

Top Leeschtung vun der ganzer Ekipp déi ganz Saison iwwer! Merci un all Supporter den gëschter an der Hal war an Stëmmung gemaach huet an en decken Respekt un d'Nitia, déi et eisen Jongen bis zur leschter Sekonn nach schwéier gemaach hunn!

Elo zielen eis Dammen op är Ënnerstëtzung fir déi zwee Lescht Matcher vun hirer Saison!